CHORALE LES VILLAGEOIS CONTERN
a.s.b.l.
Fondée en 1826

Siège social: 1, rue de Luxembourg L-5314 CONTERN

Member vum Piusverband vun der Erzdiözes Lëtzebuerg
 
Den 12. Dezember 1825 ass zu
Conter eng Chorale gegrënnt gin mat engem e besschen eegenaartege Numm. Wou den Numm Les Villageois hirkënnt as net bekannt. 1963 ass de Männerchouer an e gemëschtene Chouer ëmfonctionéiert gin. Mat eisen 190 Joer si mir deen eelste Veräin aus eiser Gemeng, an eng vun denen eelsten Chorallen, wann net di eelst aus dem Land.
D’Chorale Les Villageois war och de 6. Dezember 1863 ee vun deene Veräiner, déi den « Allgemeinen Luxemburger Musikverein » gegrënnt hun.
Als kulturelle Veräin, mat am Moment esou eng 18 Sängerinnen a Sänger, ënnert der Direktioun vum Jean Thill erfëlle mir bei reliéise, wéi bei weltleche Manifestatiounen eng Missioun, déer mir och an Zukunft gerecht wëlle gin.Op d’mannst zwee Concerte, ofwiesselnd kierchlecher a weltlecher Natur gehéiert all Joers zu eisem Programm.
Eis Prouwen, sin normalerweis Donnëschdes vun 20.00 Auer bis 22.00 Auer.
Hut Dir Zäit a Loscht fir an enger flotter Equipe mat ze schaffen, dann zéckt nët a mellt Iech bei engem vun eise Comitésmemberen.
Stacks Image 211
D’Henkeshaus 1985
virun der Renovation
Henkes am Joer 2013 mam
Proufsall ennert dem Dag
Stacks Image 209